arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräie Lëtzebuerger Bauereverband: Reduzéiere vum Véibestand ass keng pauschal Léisung

Landwirtschaft

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fräie Lëtzebuerger Bauereverband: Reduzéiere vum Véibestand ass keng pauschal Léisung

Virun negativen Impakter op d’Liewensmëttelproduktioun hei am Land a virun Drock op déi landwirtschaftlech Betriber warnt den FLB. Et misste Weeër fonnt ginn, wéi d’Ëmwelt-, d’Klima- an d’Naturschutzziler kënnen erreecht ginn, ouni datt d’Basis vun de Betriber a Gefor géif geroden.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Comité vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) | © Serge Kesseler
De Comité vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) (Foto: Serge Kesseler)

An de leschten zéng Joer wiere vum Staat 880 Hektar landwirtschaftlech Terraine fir ökologesch Kompensatiounsmesuren opkaaft ginn, esou de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband. Dat hätt eng Rei negativ Konsequenze fir de Secteur.

"Dat bréngt en enormen Drock op déi landwirtschaftlech Produktioun, op déi landwirtschaftlech Betriber. An dat ass laangfristeg. Dat ass net kuerzfristeg wéi déi aktuell Dréchent (...), déi eis Problemer mécht."

Och Krankheete bei de Randbéischte géife Schwieregkeete bréngen, mee dat wiere punktuell Problemer. 

"Awer déi heite Saachen, déi mer haut beschriwwen hunn, dat si laangfristeg Problemer, déi ugaange musse ginn, fir eeben de jonke Baueren an och dem landwirtschaftleche Secteur eng Perspektiv kënnen ze ginn."

Fuerderung no Virkafsrecht

Eng vun de Fuerderunge vum FLB ass déi, datt och de Pächter beim Opkaf soll mat abezu ginn, huet de Jürgen Albers vum FLB erkläert. 

"Dat wat wichteg fir d'Landwirtschaft ass, datt mir e Virkafsrecht hätten. Dat heescht, datt e Betrib, dee Land lount, automatesch e Virkafsrecht huet."

Déi national Reduktiounsziler fir Ammoniak a Methan bis 2030 wieren onrealistesch, huet den FLB kritiséiert. Klimaschutz dierft net dozou féieren, datt d'Liewensmëttelproduktioun verschwënnt an duerch Importer géif ersat ginn, esou den Alain Schaack vum FLB. 

"D'Véibestandreduzéierung ka keng pauschal Léisung sinn, fir wa mir iwwer Klimagaser oder Schadstoffer schwätzen. (...) Dat muss eng Verbesserung si vun dem, wéi ech meng Déieren halen, wat ech mat den Ausscheedunge maachen. Awer net einfach soen, mir hale manner." 

Een Zesummendenke vu Biodiversitéit a Landwirtschaft

Generell ass de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband der Meenung, datt Ëmwelt- an Naturschutz an d'Sécherung vun der Produktioun vu Liewensmëttel net géinteneen dierften ausgespillt ginn. 

"Den entscheedende Punkt ass net Biodiversitéit oder Landwirtschaft, mee d'Biodiversitéit mat enger wirtschaftlech drobarer Landwirtschaft. Biodiversitéit a Landwirtschaft mussen zesumme geduecht ginn." 

De Fräie Lëtzebuerger Bauereverband mat senge ronn 400 Memberen huet zënter dem Juni dëst Joer een neit Presidium, mam Jürgen Albers, dem Ronny Goedert an dem Alain Schaack. Den FLB-President vu bis elo, den Aloyse Marx, bleift Member vum Comité. 

play_arrow Lauschteren