arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Epstein-Files: Ermëttlungsakte vun der Ghislaine Maxwell solle publizéiert ginn

US-Justiz

|
headphones

1 min

Epstein-Files: Ermëttlungsakte vun der Ghislaine Maxwell solle publizéiert ginn

Weider Akte ronderëm de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein dierfe verëffentlecht ginn. Den US-Justizministère huet matgedeelt, datt d‘Ermëttlungsakte ronderëm dem Epstein seng laangjäreg Vertrauten, Ghislaine Maxwell, ëffentlech zougänglech solle gemaach ginn.

headphones

1 min

© EPA/JASON SZENES
(Foto: EPA/JASON SZENES)

D‘Maxwell ass virun 3 Joer zu 20 Joer Prisong verurteelt ginn, well si eng zentral Roll gespillt huet beim Organiséiere vum sexuelle Mëssbrauch vu Meedercher a Fraen.

Et gëtt sech awer net erwaart, datt weider Nimm vu Persounen, déi déi Meedercher mëssbraucht hunn, an deenen Dokumenter stinn, esou de Riichter.