arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden beoptraagt de Georges Mischo Kontakt mat Amazon opzehuelen

Aarbechtswelt

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Luc Frieden beoptraagt de Georges Mischo Kontakt mat Amazon opzehuelen

Amazon plangt Entloossungen zu Lëtzebuerg. Den Aarbechtsminister Goerges Mischo soll dofir elo mat der Chefetage vun Amazon Kontakt ophuele fir am Fall vun enger Restrukturatioun iwwer d’Méiglechkeete vun engem Plan de maintien dans l’emploi ze diskutéieren. Dat ass den Optrag vum Luc Frieden.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© SIP / Frédéric Sierakowski
(Foto: SIP / Frédéric Sierakowski)

Och no senger Visitt an den USA hätt ee keng Confirmatioun zu engem méigleche Chiffer vun Aarbechtsplaze ginn, déi zu Lëtzebuerg ofgebaut kéinte ginn.

Et muss een de globale Kontext a Betruecht zéien, seet de Luc Frieden

Amazon plangt aktuell Restrukturatiounen. Weltwäit solle 14.000 Mataarbechter:innen entlooss ginn. De Premier Luc Frieden huet an deem Kader awer de méigleche Chiffer u concernéierten Aarbechtsplaze relativiséiert.

"Amazon huet weltwäit 1,5 Millioune Mataarbechter. Et ass also duebel esou méi wéi duebel esou vill wéi Lëtzebuerg Awunner huet. Eleng op hirem Siège schaffe 45.000 Leit. Eng Restrukturatioun, déi si do an d'A faassen, betrëfft also op der Gesamtwelt gesinn, eng kleng Zuel vu Leit."

Vum CEO vun Amazon hätt de Luc Frieden och d’Confirmatioun, datt een am Kader vun enger Restrukturatioun och un Ëmschoulunge schaffe géif an déi betraffe Leit op enger anerer Plaz am Grupp eng Schaff fanne kéinten.

Fir Lëtzebuerg wier et kloer, datt Amazon e wichtege Partner vu Lëtzebuerg bleiwe misst.

Der US-Firma de Plan de maintien dans l'emploi weisen 

Elo wier et net un der Regierung fir engem private Betrib Virgaben ze ginn, mee et wéilt ee Recommandatioune maachen, esou wäit dat méiglech ass, esou nach de Luc Frieden. Dofir wier et elo um Aarbechtsminister Georges Mischo fir den Dialog ze sichen.

"An ech mengen, vue datt et eng wichteg Entreprise zu Lëtzebuerg ass, ass et gutt, datt den Aarbechtsminister mat der Firma schwätzt an hinne seet, datt de Lëtzebuerger Staat via de Plan de maintien dans l'emploi en Instrument huet fir eventuell Entloossungen ze verhënneren oder ze reduzéieren."

"Sozialdialog geet och zu zwee"

En vue vun den aktuelle bilaterale Gespréicher mat de Sozialpartner huet de Premier zouginn, datt et eng ganz Rei Punkte ginn, bei deenen d’Sozialpartner an d’Regierung den Ament wäit ausernee leien. Eng Reunioun zu 3 wier den Ament nach net virgesinn, an dëst sollt een och net forcéieren.

"Sozialdialog ass net nëmmen zu dräi. Sozialdialog ass och zu zwee. Wichteg ass, datt mir um Enn vum Dag an engem relativ breede Konsensus kënne weiderkommen. Dat ass eist Zil. Mee wéi laang dat dauert, dat kann ech Iech net soen."

Ofschwächung vum Liwwerkettegesetz: Ursprünglech Richtlinn "enorm komplizéiert", esou de Premier   

De rezente Vott am Europaparlament iwwer d’Ofschwächung vum Liwwerkettegesetz, deen d’EVP zesumme mat de rietse Fraktiounen zu Bréissel ënnerstëtzt hat, huet de Luc Frieden mat der Vereinfachung vun den administrativen Hürde gerechtfertegt.

Och déi zwee Europadeputéiert vun der CSV hate fir dat Reglement gestëmmt. De Premier argumentéiert, déi ursprünglech Richtlinn wier “enorm komplizéiert” gewiescht.

D'Zil vun der Lëtzebuerger Regierung wier et, Betriber manner mat Bürokratie ze belaaschten, an dofir hätt een zesumme mat anere Regierungen de Virschlag vun der Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen ënnerstëtzt, esou nach de Premier Luc Frieden.

play_arrow Lauschteren