arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung wëllt Gesetz iwwer d'Kollektivverträg net änneren

No Reunioun

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Regierung wëllt Gesetz iwwer d'Kollektivverträg net änneren

Vun enger laanger a schwiereger Reunioun huet de Premier Luc Frieden hënt no ronn 11 Stonnen Diskussioune mat de Sozialpartner geschwat. Dobäi huet d'Regierung annoncéiert, datt d'Gewerkschaften d'Exklusivrecht fir d'Kollektivverträg ze verhandelen, behalen.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© 	SIP / Claude Piscitelli
(Foto: SIP / Claude Piscitelli)

Iwwer all déi aner Sujete wäert e Méindeg an enger weiderer Reunioun nach emol debattéiert ginn. Un de Regierungschef Luc Frieden war et d'Fro, ob d'Decisioun iwwer d'Kollektivverträg dann dat eenzegt konkret Resultat vun deem Rendez-vous war?

"Dat ass eng eesäiteg Deklaratioun, déi d'Regierung hei mécht, well dat ass jo kee Punkt vun engem Accord vu Sozialpartner. Et ass kloer, dass dat do eng Demande war vun de Gewerkschaften, fir dee Blocage opzehiewen. An d'Regierung huet dofir gesot, dass mir net drun denken, d'Gesetz iwwer d'Kollektivverträg an iwwer d'Accords d'entreprisen ze änneren."

Dës wäerten also mat de Gewerkschafte verhandelt ginn, als Basis fir de Sozialdialog erëm zu Lëtzebuerg "a geuerdent Bunnen ze féieren", esou de Premier.

Bei den anere Sujeten, wéi Aarbechtszäiten oder Pensioune konnt een nach keen Accord fannen. Déi sollen dann ënner anerem nächste Méinden, an am CPTE am Oktober, nach emol a méi grousser Ronn diskutéiert ginn.

Nora Back: Nach laang net zefridden

Fir d’OGBL-Presidentin Nora Back war et dat mannst, datt d’Gewerkschaften d’Exklusivrecht bei de Kollektivverträg zougeséchert kruten.

"Et war jo d'rout Linn ënner där Bedingung, wou mir gesot hunn, kënne mir iwwerhaapt mol ufänke mat negociéieren. Dat heescht zefridde si mir nach laang net, well dat hei war haart a schwéier a laang an et ass net fäerdeg."

Zu deenen anere Punkte kéint een net vill soen, well een do nach op kee gemeinsamen Nenner komm wier, esou nach d’Nora Back.

Xavier Bettel: "Mir sinn net op allem eens ginn"

De Vizepremier Xavier Bettel huet ervirgehuewen, datt keen an der Reunioun an d'Luucht gespronge wier, mee och keen de Sall verlooss hätt.

"Mee virun allem huet de Premierminister et fäerdegbruecht, dass mir nees zesumme ronderëm den Dësch 11 Stonne konnten diskutéieren, echangéieren, debattéieren. Mir sinn net op allem eens ginn. Dat kenne mir och aus Erfarung. An dofir huet de Premier och en nächste Rendez-vous nächste Méindeg ginn. An ech mengen, datt och d'Gewerkschafte sech engagéieren an engem CPTE, ass schonn e grousse Schrëtt."

De Xavier Bettel huet drun erënnert, datt déi lescht Méint keen Dialog méiglech war, well och vu Gewerkschaftssäit e Blocage war do war. "An deen ass awer haut och deblockéiert ginn an ech mengen, dat ass eng wichteg Etapp", esou de fréiere Premier.

Michel Reckinger net op der Linn vum Luc Frieden

Dem Michel Reckinger vun der Unioun vun den Entreprisen no gëtt et dogéint nach keen Accord, op kengem Punkt. Datt et een um Niveau vun de Kollektivverträg géif ginn, wier d'Meenung vun der Regierung, mee net déi vun der UEL. Un de Michel Reckinger war et d'Fro, ob hien op Grond vum Verlaf vun den Diskussioune frustréiert wier?

“Neen, ech mengen, mir sinn haut 11 Stonnen hei gewiescht. Mir haten eng Pizza, déi mir um Mo läit, a vill Waasser gedronk. An elo si mir alleguerte frou, fir an d'Bett ze goen. Dir bestëmmt och.”

De Michel Reckinger vun der UEL ass mam Luc Frieden nämlech net op enger Linn, datt d’Gewerkschaften hiert Exklusivrecht behalen.

"Ech mengen, de Premier huet jo gesot, dat ass hir Meenung. Hien huet dat jo ganz kloer gesot. Dat ass also net eis Meenung."

 D’Patronat war éischter net dofir, datt d’Recht fir Kollektivverträg ze verhandelen eleng bei de Gewerkschafte bleift. Et kann een déi stonnelaang Reunioun vu gëschter ënner dem Stréch also als Punktegewënn fir d’Gewerkschafte verbuchen.

play_arrow Lauschteren