D’Koppel steet viru Geriicht wéinst Violatioun vum Secret de l’instruction a Recel. Et gëtt hinnen also virgehäit Informatiounen aus der Enquête iwwer déi sougenannten „RTL/Lunghi-Affär" ëffentlech gemaach ze hunn.
Am Mee 2021 hat d’Catherine Gaeng e Buch am Zesummenhank mat der Affär RTL/Lunghi publizéiert. Dora gouf den Instruktiounsdossier a groussen Deeler erëmginn. Ma déi Instruktioun koum eréischt 5 Méint drop, am Oktober 2021, op en Enn.
Lunghi net au courant iwwer Buch: "Absolut net glafwierdeg"
Et géif kee Pardon gi fir dës Faiten, déi eng Première um Stater Geriicht wieren, sot de Vertrieder vum Parquet a sengem Requisitoire. D’Untersuchungsgeheimnis wier e ganz wichtege Prinzip vum Rechtsstat. Mee d’Catherine Gaeng hätt ongenéiert aus dem Dossier zitéiert, deen den Enrico Lunghi hir weiderginn hätt, obwuel d’Instruktioun nach net ofgeschloss war.
Dat géif net goen. Entgéint deem, wat den Enrico Lunghi behaapt huet, wier et och "absolut net glafwierdeg", datt seng Fra him net gesot hätt, si géif e Buch doriwwer schreiwen.
Cahterine Gaeng hätt geduecht Untersuchungsgeheimnis gëllt net méi
"Dir sidd 40 Joer zesummen an net au courant, datt si e Buch wëllt erausginn?”, huet och d’Presidentin vum Geriicht gefrot.
Wéi hie gesinn hätt, datt Saachen aus dem Instruktiounsdossier dra wären, hätt hie säin Affekot kontaktéiert, sou den Enrico Lunghi um Ufank vun der Sitzung.
Seng Fra hätt awer gesot, et wär hirt Buch. Si wier net Jurist, huet d’Catherine Gaeng op d’Remarque vun der Riichterin geäntwert, datt d’Instruktioun nach amgaange war. Wuel hätt si sech Froen iwwer d’Untersuchungsgeheimnis gestallt, awer geduecht, dat géif net méi gëllen.
Affekote vu Partie-civille fuerdere 5.500 Euro Schuedenersatz
D’Affekote vun de Partie-civillen hu vun enger wichteger Prinzipienaffär geschwat. Fir de Me André Lutgen, Affekot vum Ex-RTL-Chef Alain Berwick, misst et verbuede bleiwen, den Instruktiounsdossier ze publizéieren. An den Ae vum Me Baulisch, Affekot vum fréieren RTL-Journalist Marc Thoma, kéint een de Cabinet d’instruction zoumaachen, wann d’Reegelen net méi agehale ginn. An der Me Lydie Lorang no, Affekotin vun der Mamm vun der Ex-RTL-Journalistin Sophie Schram, hätt d’Catherine Gaeng d’Justiz an d’eegen Hänn geholl, well si duecht, si hätt Recht.
Fir hir Clienten, deenen hir Aussoen am Buch erëmgi goufen, hunn déi dräi Affekoten zesumme 5.500 Euro Schuedenersatz gefrot.
Dëse Prozess gëtt muer. um Mëttwoch, ofgeschloss.