Favorittin an de Sondagë bleift d‘Kommunistin Jeannette Jara, déi fir déi lénk-zentristesch Regierungskoalitioun untrëtt.
Mee hire Rival vum rietsextreme Bord, de José Antonio Kast, läit an de Sondage knapp hannert hir.
Hien huet seng Walcampagne zu engem groussen Deel op Versprieche fir restriktiv Mesüren an der Migratiounspolitik opgebaut, dorënner Ausweisunge vu Leit ouni Pabeieren. D‘Haaptthemen am Walkampf waren d‘Wirtschaft, d‘Kriminalitéit an d‘Migratioun.
Nieft dem President ginn och ronn d‘Hallschent vun de Senateuren an allen 155 Deputéiert nei gewielt.
Am Chile gëtt et eng Walflicht. 15,8 Millioune Leit sinn opgeruff wielen ze goen.