arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Encevo: Stroum- a Gaspräisser dierften dëst Joer nach stabel bleiwen

Energie

|
reading time

2 min

Encevo: Stroum- a Gaspräisser dierften dëst Joer nach stabel bleiwen

De Claude Seywert, CEO vun Encevo, dem Mammegrupp vun Enovos a Creos, geet dovun aus, datt d'Stroum- a Gaspräisser dëst Joer stabel bleiwen. Bei der Presentatioun vum Joresbilan sot de Claude Seywert, datt dat awer just fir de Fall gëllt, wou déi geopolitesch Situatioun sech net verschlëmmert.

reading time

2 min

Claude Seywert, Encevo  | © 100,7
Claude Seywert, Encevo (Foto: 100,7)

De Mammegrupp vun Enovos a Creos, Encevo, plangt dëst Joer Rekordinvestitiounen vun enger hallwer Milliard Euro. Dat huet de President vum Verwaltungsrot, Jeff Feller, de Moie bei der Präsentatioun vum Bilan vum leschte Joer annoncéiert. 

Weider an erneierbar Energien investéieren

Obschonns de Netto Benefice lescht Joer 39 Milliounen ënnert deem vum Virjoer, bei lo 154 Milliounen Euro loung, wéilt ee weider an d’Infrastruktur an an erneierbar Energien investéieren, esou déi Responsabel vun Encevo. 

Datt de Netto Benefice méi niddereg wéi an de Jore virdrun ass, wollt de Claude Seywert, CEO vun Encevo, net als Zeeche gesinn, dass de Grupp manner géif wuessen. D’Zuele wiere volatil a géifen duerch déi méi nidderegen Energiepräisser am Verglach zu de Jore virdru beaflosst ginn.

"Mat deem selwechte Volume hate mer bal en duebelen Ëmsaz oder dräifachen Ëmsaz"

De Wuesstem vun Encevo géif sech dogéint éischter un den Investissementer moosse loossen. 2025 hätt een 311 Milliounen Euro an d’Energietransitioun an der Groussregioun investéiert a fir 2026 plangt een do nach eng Kéier eng Schëpp drop ze leeën an eng hallef Milliard Euro ze investéiere seet de Jeff Feller.

"A vun där hallwer Milliard sollen eleng iwwer 200 Milliounen an de Stroumreseau zu Lëtzebuerg investéiert ginn. Bis 2028, also an deenen nächsten dräi Joer, wëlle mer iwwer 1 ,7 Milliarden Euro investéieren an och do eleng iwwer 800 Milliounen an de Stroumreseau zu Lëtzebuerg."

D’Investitioune fir de Stroumreseau wieren noutwenneg, well de Stroumreseau der klammender Demande misst gerecht ginn.

Waasserstoffleitungen

Nieft dem Stroumreseau sollen iwwer déi nächst dräi Joer och knapp 400 Milliounen Euro an den Ausbau vun erneierbaren Energien an 110 Milliounen Euro an de Bau an d’Planung vu Waasserstoffleitungen investéiert ginn. 

"Dat ass e wichtege Grondsteen, dee mer do leeën, fir d'Dekarboniséierung, besonnesch bei industriellen Aktivitéiten, déi net eleng mat Stroum kënne bedriwwe ginn"

Esou de President vun Encevo, Jeff Feller. Am Beräich Waasserstoff soll dëst Joer och de Projet LuxHyVal ulafen, mat deem ee grénge Waasserstoff zu Lëtzebuerg wëll produzéieren.