arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eenegung mat den Assurancen nom Groussbrand 2024

Gemeng Jonglënster

|
headphones

4 min

Eenegung mat den Assurancen nom Groussbrand 2024

De Knuet hätt sech elo geléist, seet de DP-Buergermeeschter Ben Ries am 100,7-Interview. D'Feier am Januar d'lescht Joer zu Jonglënster war duerch Schweessaarbechten um Daach vum Gemengenhaus entstanen. Rieds goung duerno vu Sträit mat den Assurancen a vun zéie Verhandlungen.

headphones

4 min

De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. | © Ben Ries
De Brand an der Gemeng zu Jonglënster. (Foto: Ben Ries)

Eng éischt Offer vun den Assurancen hat d'Gemeng verworf. Elo gouf et op Basis vun Expertisen eng Eenegung: et gouf festgehalen, wéi vill Kubikmeter respektiv Quadratmeter duerch d'Feier zerstéiert gi waren.

Elo wier fir jidderee kloer, wéi vill d’Assurancë wäerten iwwerhuelen, esou de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries. 

"Et ass am Fong d’Assurance vum Constructeur an och eis eegen Assurance, well déi Co-Assureur sinn zu 50 Prozent vun där anerer hirer, dat heescht déi zwou Assurancen, déi wäerten de Schued, deen hei festgehale ginn ass vun de Quantitéiten hier, op jiddefalls net vum Montant, dee fanne mir eréischt am nächste Méint eraus bei der Ausschreiwung, dee wäert da vun deenen zwou Assurancen dann iwwerholl ginn."

Et géif sech ëm zwou gréisser lëtzebuergesch Assurancë-Gesellschaften handelen, esou d'Prezisioun vum Ben Ries. Nimm wëllt hie keng nennen.

Verännerunge beim Neiopbau 

D’Käschte vum Schued léiche bei geschate ronn siwe Milliounen Euro. Déi genee Zomm wäert sech awer eréischt duerch déi néideg Ausschreiwunge fir den Erëmopbau vum Gemengenhaus erausstellen. Dräi Gebailechkeeten, déi beim Feier zerstéiert goufen, solle genee esou erëm opgeriicht ginn.

"Dat heescht, dat aalt Haus wäert genee esou do stoen, wéi et virdrun de Fall war, genee esou wéi de mëttelsten Deel, den ale Stall, an dann och déi nei Annex. A vu bausse wäert een do keng grouss Verännerunge kënne feststellen. Bannendra wäerte mir awer et esou moderniséieren, datt et e bëssen anescht wäert ausgesinn. Mir wäerten eng bësse méi frëndlech Receptioun hunn. (...) Et wäert net méi esou sinn, datt jiddweree säi perséinleche Büro wäert hunn. Et wäerte verschidden Aarbechtsberäicher entstoen, fir datt mir och kënnen eis anescht opdeele beim Schaffen."

Fir datt och an Zukunft net direkt un eng Annex misst geduecht ginn, géifen déi Raimlechkeeten, déi een zur Verfügung hätt, méi effizient genotzt ginn. 

Enn 2028 eng gréisser Ouverture? 

De Buergermeeschter Ben Ries rechent domat, datt nom Vott vum Projet Enn Dezember am Gemengerot ganz konkreet un der Ausschreiwung fir den Erëmopbau vum Gemengenhaus ka geschafft ginn. Déi soll fir d'Fréijoer fäerdeg sinn, hofft de Ben Ries. Och do misst mat den Assurancë gekuckt ginn, ob si déi Zuelen erëmfannen, déi ënnerschriwwe goufen, oder net. 

"Mir musse se alleguerten am Boot hunn, éier déi Ausschreiwung erausgeet. A wann déi am Fréijoer erausgeet, denken ech, datt mir kënnen eng Commande maache virum Summer respektiv spéitstens nom Summer, an dass dann d'Aarbechte kënnen ufänken am Hierscht 2026. An dann denken ech och, an och dat schéngt realistesch ze sinn, well d'Hüll jo scho steet, datt een hei kéint déi Aarbechten innerhalb vu manner wéi zwee Joer ausféieren, soudass mer dann Enn 2028 wäerten eng gréisser Ouverture kënnen hei zu Jonglënster feieren."

A wéi zefridden ass de Buergermeeschter Ben Ries mat der Eenegung, déi elo mat den Assurancë fonnt gouf, respektiv mat de Pläng fir den Erëmopbau vum Gemengenhaus zu Jonglënster? 

"Ech sinn e bëssen hin an hier gerass. Ech sinn e bëssen enttäuscht gewiescht am Ufank. Ech mengen, dat hat een och eraushéieren, datt et net esou virugaangen ass, wéi ech mir dat erwënscht hunn. Ech hu mir do vill méi Entgéintkommen erwënscht vun den Assurancen. Ech hunn och bei der Solution forfaitaire, déi proposéiert ginn ass, wou mir och ganz vill Aarbecht dragestach hunn, hunn ech mir och besser Offere vun den Assurancen erwënscht."

Éischt Offeren net héich genuch 

Zweemol hätt hien d'Offere missen an de Gemengerot huelen, esou de Ben Ries. An zweemol wiere se verworf ginn, well et vum Montant net duergaange wier. 

"Mir konnten dat net akzeptéieren. Do war ech schonn enttäuscht. Ech sinn awer elo frou, datt mir trotzdeem innerhalb vun dëser Zäit, well mir schwätzen elo awer annerhalleft Joer, a wie schonn emol eng Kéier op Sue gewaart huet vun den Assurancen, dee weess wéi laang dat kann daueren, och bei méi klengen Objeten. An hei schwätze mir, wéi virdrun och scho gesot, ëm déi siwe Milliounen, déi et wäert kaschten, héchstwarscheinlech, soudatt mir hei awer elo no annerhallwem Joer, well esou laang ass et jo elo hier, awer trotzdeem mol eng Entente hunn."

Hie wier immens frou, wann een dat elo esou kéint opbauen a veränneren, fir besser kennen ze schaffen a besser Servicer kennen unzebidden. 

An der Nuecht op de 26. Januar 2024 war een "aussergewéinlech komplexe" Brand am Gemengenhaus zu Jonglënster, hat et duerno geheescht, d'Läschaarbechte mat 130 Pompjeeën hate 36 Stonne laang gedauert.