arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat sinn d'Erausfuerderunge fir e Master an der Medezin op der uni.lu unzebidden?

Medezinstudium

|
reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Wat sinn d'Erausfuerderunge fir e Master an der Medezin op der uni.lu unzebidden?

De Master an der Medezin wier deen nächste Bausteen, fir de Medezinstudium op der uni.lu weiderzëentwéckelen, esou de Medezinprofesser Gilbert Massard am 100,7-Interview. Wéini een awer mat deem rechne kéint, ass net kloer. Dat virun allem wéinst engem bestëmmten Aspekt.

reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

De Medezinprofesser Gilbert Massard, deen de Medezinstudium op der uni.lu mat opgebaut huet, vergläicht dëse mat engem Haus, wann en op d’Entwécklung kuckt. 

"Déi Challengen, déi mir hunn, dat ass natierlech fir dat,wat mir opgebaut hunn, weiderzëentwéckelen, well schlussendlech hu mir de Rez-de-chaussée an den Daach. Et feelt nach den éischte Stack, dat heescht de Master an der Medezin. Déi zweet Saach ass, datt et natierlech och relativ vill Demande ass ,fir d'Spezialitéiten auszebauen."

Déi nächst Spezialitéiten, déi wuel wäerte kommen, ass déi vun der Psychiatrie, wou e grousse Besoin géif bestoen, an déi vun der Pediatrie, esou de Gilbert Massard. 

Timing fir de Master wier schwiereg ze definéieren

Wéini ee mat engem Medezinsmaster op der uni.lu rechne kéint, wier schwiereg ze soen, fënnt de Medezinprofesser. Dat einfachst, wat warscheinlech och just e puer Méint géif daueren, wier e Programm auszeschaffen. Medezinsstudente missten och Hallefzäit e Stage maachen. Genuch Personal, Klinicken an esou wieder hätt een am Fong dofir. 

Eng finanziell Fro?

D’Schwieregkeet léich awer doranner de Kader dofir ze ginn, betount de Gilbert Massard. 

"Wat e bësselche feelt, dat ass e Reglementaire, e Kader, deen och e Statut gëtt fir déijéineg, déi sech fir den Enseignement asetzen. Dat si jo Leit, déi hire Medezinnerberuff ausféieren an dann zousätzlech Zäit opfere fir den Enseignement ze maachen. An dat ass eppes, wat bis elo net richteg virgesinn ass."

Haaptsächlech géif et dobäi ëm d’Remuneratioun goen. 

"D'CNS ass ausschliisslech fir d'Patientebehandlung, d'Patientebetreiung responsabel an huet net an hirem Budget d'Méiglechkeet, fir elo administrativ Personal an de Spideeler ze bezuelen, déi sech géifen exklusiv ëm d'Studente këmmeren. (...) An da kann een och froen, wou kënnt de Cashflow hier? Ass dat den Enseignement supérieur oder ass et d'Santé?"

Vun engem Unisspidol zu Lëtzebuerg hält de Gilbert Massard net vill

Ënner anerem vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Medezinsstudente géif een dacks d’Fuerderung no engem Unisspidol héieren, esou de Gilbert Massard. De Medezinprofesser gesäit eng Schafung vun esou engem an der aktueller Situatioun awer net als ganz logesch un.

"Mir hunn dräi grouss zeg Millioune-Projete vun dräi Spideeler, déi nei bauen. Esouwuel hei an der Stad déi zwee, wéi dat am Süden. Ech mengen da kënne mir net nach, wa mir scho keng Suen hunn, dann ass et vläicht besser, mir bezuele gutt Enseignanten, wéi datt mir elo nach en neit Gebai bauen. A wie setze mir do dran nach? Sinn dat Dokteren, déi mir hei aus deene verschidde Spideeler erausplécke géingen?"

De Gilbert Massard favoriséiert dofir éischter de Bochum-Modell. Do léieren a schaffen d’Medezinsstudenten a verschiddene Klinicken uechter d’Regioun.

play_arrow Lauschteren