De Grënner vun der pro-demokratescher Zeitung Apple Daily riskéiert elo eng liewenslänglech Prisongsstrof.
Deen 78-Joer ale Jimmy Lai huet déi brittesch Nationalitéit an ass e fervente Kritiker vu China. Hie war eng vun den Haaptfigure vun de pro-demokratescher Masseprotester 2019 zu Hongkong.
Ëmstriddent Sécherheetsgesetz
Als Reaktioun op déi Protester hat China dat sougenannten nationaalt Sécherheetsgesetz zu Hongkong imposéiert. D‘Kritiker soen d‘Gesetz géif all Forme vun Oppositioun géint China ënnerdrécken.
An de leschte Jore goufen zu Hongkong Dosende pro-demokratesch Aktivisten zu Prisongsstrofe verurteelt. Am November zejoert koume 45 Leit an de Prisong, well si gehollef haten eng Lëscht mat Oppositiounskandidate fir lokal Walen zesummenzestellen.