D'Weltgesondheetsorganisatioun huet de Risiko elo vun "héich" op "ganz héich" eropgestuft. Et géifen zwar Fortschrëtter bei den Tester ginn, awer d'Gewalt an d'Onsécherheeten an der Regioun géifen eng adäquat Bekämpfung verhënneren, esou d'WHO.
Am Nopeschland Uganda wiere bis ewell, ausser déi zwee confirméiert Fäll vu bis elo, keng weider Fäll gemellt ginn.
Ebola ass eng déidlech Infektioun, déi iwwer Kierperflëssegkeeten iwwerdroe gëtt. Bei den Epidemien 2014 an 2015 sinn a Westafrika ronn 11.000 Mënsche verstuerwen.