De Fakt ënnert engem Dag ze liewen, géif duergoe fir unzehuelen, datt d’Persoun fir den Ënnerhalt vum Kand suergt. D’Lëtzebuerger Cassatiounsgeriicht hat d’Fro un den europäesche Geriichtshaff weiderginn.
D’Fro mat där den Europäesche Geriichtshaff sech beschäftegt huet war dës: Ass d’Zesummeliewen an engem Haushalt vun engem Frontalier an dem Kand vu sengem Liewenspartner Grond genuch, fir dovun auszegoen, datt de Frontalier fir den Ënnerhalt vum Kand opkënnt an domat als Familljemember gëllt? An dem Fall hätt de Frontalier nämlech en Urecht op Kannergeld an dem Land wou e schafft.
Keng finanziell Beweiser néideg
D’Äntwert vum europäesche Geriichtshaff am Urteel war e klore Jo. Zesummeliewe géif automatesch heeschen sech u Chargë wéi Loyer, Iessen an Haushaltskäschten ze bedeelegen. Dofir kéint een dovun ausgoen, datt de Frontalier säin Deel géif bäidroen. Et dierfte grondsätzlech keng weider finanziell Beweiser gefrot ginn, fir ze beweisen, datt de concernéierte Frontalier sech ëm d’Kand këmmert, fënnt den EuGH.
E Refus vum Kannergeld wier just méiglech am Fall wou falsch Angabe gemaach goufen oder wann de Frontalier guer net zum Ënnerhalt vum Kand géif bäidroen. Och ouni gemeinsame Wunnsëtz kéint de Frontalier Recht op Kannergeld hunn. Da misst awer nogewise ginn, datt de Frontalier sech ëm d’Kand vu sengem Liewenspartner këmmert.
Rechter vu Frontaliere gestäerkt
D’Affär geet zeréck bis 2016. Eng Dose Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen, haten deemools d’Kannergeld vun der Zukunftskeess refuséiert kritt mat der Begrënnung, datt et keen direkte Lien tëscht der Persoun an dem Kand géif ginn. De conseil Supérieur de la sécurité sociale hat der Zukunftskeess Recht ginn, wouropshin d’Frontalieren d’Affär op d’Cassatiounsgeriicht geholl hunn.
D’Cassatiounsgeriicht hat den Europäesche Geriichtshaff saiséiert fir ze klären, wat et heescht fir e Kand ze suergen. Den EuGH huet elo tranchéiert an d’Rechter vun de Frontaliere gestäerkt.