arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Kannergeld soll och u verschidde Frontalieren ausbezuelt ginn

Recommandatioun vum EUGH

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Kannergeld soll och u verschidde Frontalieren ausbezuelt ginn

Ee Frontalier, dee mat engem Partner e Kand aus engem éischte Bestietnes oder engem éischte Pax huet, huet e Recht op Lëtzebuerger Kannergeld wann en och effektiv fir d‘Kand finanziell opkënnt. Déi Recommandatioun huet den Avocat général vum Europäesche Geriichtshaff a senge Conclusiounen un d‘Riichter:inne weider ginn.

headphones

1 min

2016 haten eng Rei vu Frontalieren aus der Belsch, Frankräich an Däitschland geklot, well d'Zukunftskeess refuséiert huet, hinne Kannergeld ze iwwerweisen. Dat mam Argument, datt si keen direkte Familljelien zum Kand hätten. Kann de betreffende Frontalier net noweisen, datt hie fir d‘Kand suergt, verfält dat Recht op Kannergeld.