Europadeputéiert, déi, wéi viru Kuerzem d’Lëtzebuerger CSV-Politikerin Martine Kemp, dovu betraff waren, haten déi aktuell Reegele kritiséiert.
An d’Parlamentspresidentin Roberta Metsola hat Uganks des Joers selwer d’Initiative geholl, fir Ännerunge vum europäesche Walgesetz op de Wee ze bréngen.
Vott duerch Procuratioun: dräi Méint viru Gebuert a bis sechs Méint dono
Des Woch huet d’Majoritéit vun der parlamentarescher Kommissioun fir Verfassungsfroen am Europaparlament eng Propos op den Dësch geluecht.
Si gesäit vir, datt ee Vott duerch eng Vollmacht bis zu dräi Méint virun der Gebuert a sechs Méint dono méiglech wier.
Et wier eng Premiere: Bis elo dierfen d’Europadeputéiert just perséinlech hir Stëmmen ofginn. Wien net an der Plenière ass, ass per Gesetz automatesch vum Vott ausgeschloss.
Kee Gewielte sollt gezwonge ginn, tëschent sengem Vott a sengem Kand ze wielen, esou de Rapporter vum Parlament an deem Dossier, de Spuenier Juan Fernando Lopez Aguilar an engem Communiqué.
27 EU-Memberlänner mussen zoustëmmen
Dee System duerch ee Vott “par procuration” wier zäitlech limitéiert a géif just fir Fraen, déi ee Kand kréien, gëllen. Et gouf net probéiert verschidde Forme vu Parentaliéit mat an d’Propos eranzebréngen.
Esou ee Virschlag hätt héchstwarscheinlech net vill Chancen, um Niveau vun de Memberlänner ugeholl ze ginn. Si mussen an dësem Dossier nämlech eestëmmeg decidéieren.
A si hu bis elo ëmmer nees gezéckt, dat europäescht Walgesetz ze änneren.
Eng Reform vun deem europäesche Walgesetz, bei där och d’Schafe vun europäesche Wal-Circonscriptiounen an der Diskussioun waren, gëtt zënter Jore vun de Memberlänner blockéiert. D’Europaparlament wäert déi nächst Woch an der Plenière iwwer des Propos ofstëmmen.
Dono muss se vun de Memberlänner eestëmmeg ugeholl ginn. An, fir datt déi Reegel da kann a Kraaft trieden, muss se och nach vun alle 27 EU-Länner an hire Parlamenter guttgeheescht ginn.