Tester vun der Europäescher Kommissioun hunn erginn, datt déi Produiten esouguer da wochelaang net erofgeholl goufe, wann se als problematesch detektéiert goufen.
Et géing net duer, datt AliExpress seet, et wiere Mesuren en Place. D’Plattform misst dem europäesche Gesetz no och dofir suergen, datt déi Mesuren ëmgesat ginn, esou de Moien eng EU-Source.
AliExpress hätt intern Reegelen net applizéiert
AliExpress awer hätt Strofe géint Verkeefer vun illegale Wueren net duerchgesat. Hei wieren déi intern Reegelen, déi d’Entreprise bei esou Verstéiss virgesinn huet, net korrekt applizéiert ginn. Online-Shoppen, déi där Produiten offréiert hunn, konnten op AliExpress weider aktiv bleiwen, och wann si penaliséiert goufen.
D’Kontrollen, déi d’Plattform agefouert huet, konnten einfach ëmgaange ginn, andeems d’Produiten a falsche Kategorië mat manner strenge Reegelen, offréiert goufen, esou de Constat vun der Kommissioun. AliExpress huet net genuch Personal domat beoptraagt fir déi Kategorien ze iwwerpréiwen, ier datt d’Offer publizéiert gouf.
Wat Imitatioune vu Marke-Produiten ugeet, gouf net genuch dogéint gemaach, de Verkaf dovun ze ënnerbannen, esou d’Bréisseler Analyse. Och hei wier de System vun der Plattform, net effikass a personell ënnerbesat gewiescht
Strof orientéiert sech um Ëmsaz
D’Strof vu 550 Milliounen Euro gouf op der Basis vum Ëmsaz vun der Plattform am Joer ausgerechent. Dat ass esou am "Digital Services Act" - dem Reegelwierk vun der EU virgesinn.
Deen Ëmsaz läit der Kommissioun no bei 120 Milliarden Euro am Joer. D’EU ass dee gréisste Marché fir déi chineesesch Plattform. AliExpress huet bis den 20ten Oktober Zäit een Aktiounsplang virzeleeën, mat Mesuren, fir d’Bréch mam EU-Recht an Zukunft ze verhënneren. Dono muss d’Kommissioun eng definitiv Decisioun huelen.
Net déi éischt EU-Strof géint chineeseschen Onlinegigant
D’Europäesch Kommissioun hat am Mee och schonn eng Strof vun 200 Milliounen Euro géint d’Online-Plattform Temu verhaangen. Och hei ass de Reproche deen, datt d’Plattform net streng genuch géint illegal Produite virgeet.