arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmstriddenen Douanes-Accord tëschent USA an EU ka mat Sécherheetsnetz ëmgesat ginn

EU/USA

|
reading time

1 min

Ëmstriddenen Douanes-Accord tëschent USA an EU ka mat Sécherheetsnetz ëmgesat ginn

D'Europaparlament huet haut mat grousser Majoritéit de Wee fräi gemaach fir deen ëmstriddenen Douanes-Accord. Allerdéngs mat engem Sécherheetsnetz. D'US-Virdeeler gëlle just, wann d'USA sech drun hale fir den Accord och op hirer Säit ëmzesetzen.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

Weider ass virgesinn, datt och d'USA hir Taxen op beispillsweis Wäschmaschinnen an aner Produiten mit engem Stolundeel op maximal 15 Prozent reduzéieren. Sollt dat net geschéien, géif d'EU och iwwerpréiwe fir esou Taxen anzeféieren. Et ass och ee festen Datum vrigesinn, wéini d'Taxen auslafen, nämlech den 31. Dezember 2029. 

Mam Ofkommes sollen d'Taxen op US-Industrie-Gidder ofgeschaaft ginn a Mieresfriichten an aner landwirtschaftlech Produiten ee besseren Accès op den EU-Marché kréien. 

Fir d'Ëmsetzung mussen nach d'Memberstaaten hiren Accord ginn. Stéchdatum fir d'Akraafttriede soll spéitstens de 4. Juli sinn.