arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EuGH confirméiert d'Rekord-Geldstrof vu 4,1 Milliarden Euro géint Google

Europäesche Geriichtshaff

|
reading time

1 min

EuGH confirméiert d'Rekord-Geldstrof vu 4,1 Milliarden Euro géint Google

Dem Konzern ass elo veruteelt, well e seng Muecht bei der Google-Sichmaschinn mëssbraucht huet, andeems Hiersteller vun Android-Smartphonen dozou verflicht goufen, nieft dem App-Store, och Google Search an de Browser Chrome vir ze installéieren.

reading time

1 min

Google | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Google (Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

D'EU-Kommissioun hat dës Strof an Héicht vun iwwer véier Milliarden Euro schonn 2018 gefuerdert. 

D'Urteel vun haut ass definitiv. Google a säi Mammekonzern Alphabet ware schonn an Appell gaangen.