arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ë.a. Haschisch Untersuchungsprisong geschmuggelt: Giischtjen ënner 3 Verdächtegen

Parquet

|
reading time

1 min

Ë.a. Haschisch Untersuchungsprisong geschmuggelt: Giischtjen ënner 3 Verdächtegen

De Parquet mellt, datt am Untersuchungs-Prisong Uerschterhaff zu Suessem Haschisch an Handyen erageschmuggelt goufen. 3 Verdächteger wieren ermëttelt ginn. Ee Giischtjen, ee Prisonéier an een externe Fournisseur.

reading time

1 min

Prisong | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Prisong (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Datt ee Giischtjen ënner de presuméierten Täter ass, also een, deen ënnert anerem soll oppassen, datt d‘Reegelen am Prisong agehale ginn, wier besonnesch grave, heescht et am Schreiwes vum Parquet. 

Éischten Erkenntnisser no wieren d‘Faiten tëschent Dezember 2025 a Mäerz 2026 ofgelaf. Déi 3 Verdächteg koumen d‘lescht Woch virun den Untersuchungsriichter. Se goufen doropshi festgeholl. 

Et gëllt d'Presomption d'innoconce.