arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 Joer no Accident am Neiduerf: Dossier klasséiert, well Chauffer verstuerwen ass

Parquet

|
reading time

1 min

3 Joer no Accident am Neiduerf: Dossier klasséiert, well Chauffer verstuerwen ass

De Parquet huet confirméiert, datt et keng juristesch Suitte wäerte ginn. Dräi Joer ass et hir, datt et am Neiduerf zu engem schwéieren Accident koum, bei deem dräi Mënsche verstuerwe sinn.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

De Parquet preziséiert awer, datt de Fall net klasséiert gouf, well keng Verstéiss festgestallt goufen, mee well de Chauffer, deen den Accident verursaacht huet, selwer am Accident verstuerwen ass. 

Ënner dësen Ëmstänn wieren dem Code pénal no keng juristesch Poursuitte méi méiglech. 

Beim Accident waren ee 64 Joer ale Chauffer, déi 31 Joer al Bäifuererin am concernéierte Gefier, grad ewéi eng 40 Joer al Foussgängerin ëm d'Liewe komm. Nom Accident war ënner anerem rieds iwwer Radaren an der Géigend, well d'Plaz geféierlech wier, huet et deemools geheescht.