arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fred Keup um ADR-Kongress: CSV-DP-Regierung kaum anescht wéi viregt Dräierkoalitioun

National

|
reading time

2 min

Fred Keup um ADR-Kongress: CSV-DP-Regierung kaum anescht wéi viregt Dräierkoalitioun

Kritik gouf et um ADR-Kongress géint d’Regierungspolitik: Am Verglach mat der Politik vun der viregter Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng géif et kaum Ënnerscheeder ginn, esou den ADR-Fraktiounschef Fred Keup um Nationalkongress zu Keespelt um Sonndegmoien.

reading time

2 min

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

D’ADR stéing fir Wäerter ewéi Fräiheet, Traditioun, Zesummenhalt, Famill a Sécherheet. Aktuell géif d’ADR als Alternativ gebraucht ginn. D’Bierger:inne géifen ënner dem Stress, dem Stau an dem Verschwanne vun der Kultur leiden, esou de Fred Keup. 

Bankrotterklärung vun deene leschte Regierungen

Ee Problem, dee misst bekämpft ginn, wier d’Präisdeierecht. Virun allem d’Präisser vun de Wunnengen wieren ze héich. Vill Lëtzebuerger:inne missten an d’Ausland fortplënneren, seet nach de Fred Keup. 

"Wat eng Bankrotterklärung vun deene leschte Regierungen a vun deene véier Parteien, déi dat ze verantworten hunn." 

Déi Politik géif déi Jonk belaaschten. Déi wéilten eng Wunneng, eng Famill, grad ewéi ee Beruff, esou de Fred Keup. 

Een Dar am Aen vun der ADR ass d’Debatt ëm de Verbuet vun de Soziale Medie fir Mannerjäreger. Fir d’ADR wier dat keng Gefor fir d’Demokratie, am Contraire, d’Sozial Medie wieren eng Gefor fir déi, déi un der Muecht wieren, esou de Fred Keup. 

Mat Russland an den USA schwätzen 

Den ADR-Europadéputéierte Fernand Kartheiser huet um Kongress nach eng Kéier dofir plädéiert, am Krich géint d'Ukrain misst een an d’Gespréich kënne komme mat Russland, grad ewéi mat den USA.

"Den Här Bettel, d'lescht Joer, wou ech op Moskau war, deen huet gemengt, hie misst mech kritiséieren. Ech hu mat gewëssenen Amusement festgestallt, datt hie virun engem gudde Mount gesot huet, et misst ee mat de Russe schwätzen an hie wëllt och Mediateur sinn an der Tëschenzäit. Ech freeë mech doriwwer. Hien huet seng Meenung also geännert. Ech froe mech, firwat geet dat dann net an Europa? Well mir hunn där Länner relativ vill, déi well soen, mir mussen do eis Meenung änneren, mir musse kucken, datt mir erëm an d'Gespréich kommen. Ech froe mech, firwat geet dat dann net an Europa, datt mir als ADR zu deene ganz wéinege Parteien an Europa gehéieren, déi souwuel mat Washington, wéi och mat Moskau kënnen iwwer all komplizéiert Fro schwätzen." 

Den ADR-Europadeputéierten huet sech och op en Neits dofir staark gemaach, d'Lëtzebuerger Sprooch um europäesche Plang ze verankeren. 

Ronn 140 ADR-Membere waren um Kongress present.