arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ E Bierg Salz fir d'Wantersaison

Pont et Chaussées

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

E Bierg Salz fir d'Wantersaison

Wann Temperaturen ënner 0 Grad falen an et moies glat op de Stroossen ass, gëtt nees gestreet. Ëm déi 4.000 Tonne Salz gi momentan zu Bartreng an enger Hal vu Pont et Chaussées gelagert. De Stock ass fir d’Autobunnen an d’Staatsstroosse virgesinn.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
De Ralph di Marco vu Ponts & Chaussées. | © Paule Rodesch
De Ralph di Marco vu Ponts & Chaussées. (Foto: Paule Rodesch)

De risege Bierg besteet net nëmmen aus Salz. Ronn 3 Prozent si kleng Steng, déi mam Salz vermëscht ginn, erkläert de Ralph di Marco vu Ponts & Chaussées am 100,7-Interview. Doduerch bleift d’Salz besser op de Stroossen pechen.

An de leschte Jore wieren tëscht 15.000 a 17.000 Tonne verstreet ginn. D’Reserve sinn 20.000 Tonne pro Joer.

Firwat Salz a kee Kräsi?

Och wann nach ëmmer mat Salz gestreet gëtt, sinn d’Camione méi prezis ginn. Esou kënne se sech op déi verschidde Stroosseverhältnisser astellen, an op wichtege Plaze méi streeën.

“Mir streeë sou vill wei néideg a sou mann wéi méiglech.”

Zu Lëtzebuerg kéint een net mat Kräsi streeën, wéi dat zu Beispill an der Schwäiz oder Éisträich gemaach gëtt. Wéinst eise méi kuerze Wantere géif et net ganz vill bréngen. Iwwerdeems kéint de Kräsi den Offloss vun den Autobunne verstoppen.

Vun wéini u gëtt zu Lëtzebuerg gestreet?

Pont et Chaussées kréien zwee Mol den Dag e prezise Wiederbericht. Hei kënnt et net op d’Temperaturen, mee virun allem op d'Fiichtegkeet un.

“Et kann elo sinn, et ass -2 Grad, mee et ass wierklech immens dréchen. Da brauche mir net ze streeën.”

Am Service schaffe ronn 300 Leit. All Joer gëtt eemol Test-Gestreet, wou d’Equipement getest gëtt, an nei Mataarbechter:innen untrainéiert ginn.

Lescht Nuecht gouf zënter 1:52 Auer gestreet. Normalerweis geschitt dëst ëmmer tëschent 2 a 5 Auer moies, esou datt d'Stroossen fir de Beruffstrafick prett sinn.

Pont et Chaussées preparéieren sech op d'Wantersaison

play_arrow Lauschteren