arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dronenattacken: Dosenden Ziviliste kommen ëm d'Liewen, dorënner och Kanner

Sudan

|
headphones

1 min

Dronenattacken: Dosenden Ziviliste kommen ëm d'Liewen, dorënner och Kanner

An der Stad Kalogi, am Süde vum Sudan, déi vun der Arméi kontrolléiert gëtt, goufen eng Schoul an e Spidol getraff. 10 Kanner am Alter tëschent 5 a 7 Joer sollen de vereenten Natiounen no dobäi gestuerwe sinn.

headphones

1 min

Satellitten Opnam vun El-Fasher nodeems RSF-Kämpfer Stad ageholl hunn | © EPA/SATELLITE IMAGE ©2025 VANTOR / HANDOUT
Satellitten Opnam vun El-Fasher nodeems RSF-Kämpfer Stad ageholl hunn (Foto: EPA/SATELLITE IMAGE ©2025 VANTOR / HANDOUT)

D‘Informatioune loosse sech nëmme schwéier onofhängeg iwwerpréiwen, well d‘Regioun kaum zougänglech ass.

Den Unicef-Representant am Sudan huet d‘Attacke verurteelt a vun enger Violatioun vun de Kannerrechter geschwat. All Konfliktparteie goufen opgefuerdert, mat Attacken op Zivilisten opzehalen an humanitär Hëllefen zouzeloossen.