Den Ausmooss vum Streik ass nach net kloer. Fest steet awer, datt et am Fluchverkéier haut um Mëttwoch zu Perturbatioune wäert kommen, well d'Fluchhäfe Bréissel a Charleroi all d'Departen ofgesot hunn.
D'Gewerkschaften haten zum Streik opgeruff fir géint déi geplangte Reformen a Spuermesurë vun der belscher Regierung ze protestéieren.
Trotz neien Annoncë vun der belscher Regierung um Dënschdeg, et hätt een en Accord iwwer de Budget fonnt mat geplangte Spuermesuren vu ronn 9 Milliounen Euro fonnt, sinn d'Gewerkschaften net berouegt.
Zënter dem Ufank vum Streik kann et och bei den Zuchverbindungen tëschent Lëtzebuerg an der Belsch zu Annulatiounen a Verspéidunge kommen.