De Waffestëllstand-Accord tëschent Israel an der Hamas gesäit vir, datt d'Hamas nieft den 20 liewege Geiselen, déi fräikoumen, och 28 verstuerwe Geiselen zeréck un Israel gëtt. Bis elo huet déi radikal islamistesch palästinensesch Organisatioun 20 verstuerwe Geiselen zeréck un Israel ginn.
Treffen zu Istanbul
D'Ëmsetze vum Friddensplang fir Gaza ass haut um Méindeg Theema bei engem Ausseministertreffen zu Istanbul. Do sollen der Tierkei no d'Ausseministere vun den aacht Länner derbäi sinn, déi am September den US-President Donald Trump zu New York gesinn haten.
Nieft der Tierkei waren dat Katar, Saudi-Arabien, Ägypten, déi Vereenegt Arabesch Emirater, Jordanien, Pakistan an Indonesien.