arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun wëllt Ëmweltdirektiv zeréckzéien

Wéinst Drock vu riets

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

EU-Kommissioun wëllt Ëmweltdirektiv zeréckzéien

Et gëtt am Europaparlament scho bal eng kleng Kris an der pro-europäescher Koalitioun. D’Sozialisten an déi Liberal si rose mat der EU-Kommissioun, well déi ugekënnegt huet, eng Ëmweltdirektiv zeréckzezéien. An dat matzen am legislative Prozess, wat éischter ongewéinlech ass.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen | © Beata Zawrzel
Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen (Foto: Beata Zawrzel)

De Projet vun där Direktiv gesäit vir, datt wann op engem Produkt zum Beispill biodegradabel oder ëmweltfrëndlech steet, datt dat gepréift muss ginn. Dat soll sougenannte Greenwashing verhënneren.

Greenwashing ass e Begrëff dee genotzt gëtt, wa Saachen als méi “gréng” duergestallt ginn, wéi se sinn, fir se besser verkafen ze kënnen.

Firwat wëllt d’Kommissioun also op eemol näischt méi vun där Direktiv wëssen?

Den däitschen Europadeputéierten a Sozialdemokrat René Repasi erkläert, datt d’Kommissioun e Problem mam Ännerungsoptrag vum Europarot hätt.

Dee wëllt nämlech kleng Entreprisë bis zu 10 Persounen och an déi Direktiv anzeschléissen. Dowéinst wéilt d’Kommissioun also direkt déi ganz Direktiv zeréckzéien.

De René Repasi geet awer net dovun aus, datt dat déi éierlech Begrënnung soll sinn.

“Der Europäische Gerichtshof hat in einem Urteil verlangt, dass der Vorschlag durch eine Änderung der Co-Gesetzgeber denaturiert sein müsse, und das ist beim Einbinden von Kleinstunternehmen in einen Anbildungsbereich definitiv nicht der Fall. Also diese Begründung überzeugt mich nicht.”

Den Drock koum an éischter Linn vun der EVP, seet de René Repasi. Déi haten e Bréif geschriwwen an deem si gefuerdert hunn, datt d’Kommissioun de Virschlag soll zeréckzéien. Kuerz drop hunn déi riets-konservativ dat selwecht gefuerdert.

"Vollstreckungsgehilfin einer Rechtskoalition"

Doropshin hat de Virschlag keng Majoritéit méi am Plenum vum europäesche Parlament.

“Es schaut danach aus, dass die Europäische Kommission hier Vollstreckungsgehilfin einer Rechtskoalition geworden ist.”

A Wierklechkeet geet et ëm vill méi, wéi nëmmen dës Direktiv. Et geet ëm den Zesummenhalt vun der pro-europäescher Koalitioun.

Et wier déi éischte Kéier, datt d’Kommissioun esou déif an e Gesetzesprojet géif agräifen, seet de René Repasi.

D’Zesummenaarbecht mam rietse Bord wier eng Gefor fir déi pro-europäesch Koalitioun.

“Weil es ein Tropfen unter vielen ist. Das ist ja ein schleichender Prozess seit der Europawahl, dass schon am Tag nach der Wahl die Christdemokraten keine Scheu mehr hatten, mit den neuen Mehrheiten, mit diesen Parteien auf Rechtsaußen zu arbeiten.”

Elo wier de Moment koum bei deem d’Sozialdemokrate misste Stopp soen.

“Deswegen hat auch unsere Fraktionsvorsitzende gestern in einem persönlichen Gespräch mit Frau von der Leyen klargemacht, sie hat jetzt die Verantwortung, die ganze Sache aufzuhalten. Die Kommission soll diesen Richtlinienentwurf eben jetzt nicht zurückziehen und sie hat Frau von der Leyen dazu aufgefordert, klar zu sagen, dass sie keine Mehrheit mit rechts haben möchte und dass sie in der Aufstellung ihres Arbeitsprogramms nach der Sommerpause klar sozial und sozialdemokratische Ziele mitbenennt als Teil ihrer politischen Agenda.”

D’Ursula von der Leyen hätt Verständnis gewisen, mee elo misst ee kucke wéi et da weider geet.

Spéitstens nächst Woch wäert sech d’Kommissioun endgülteg zu der Direktiv decidéieren.

play_arrow Lauschteren