Am Ganze wiere 50 Polizisten un der Aktioun bedeelegt gewiescht, heescht et vun Europol. Dobäi wiere verschidde Waffen a Munitioun, sou wéi militärescht Übungs-Material an Neonazi-Propaganda fonnt ginn.
De jonke Schweed vu Stroossen, deen en Donneschdeg zu Lëtzebuerg verurteelt gouf, well hien en rietsextreeme terroristesche Grupp ugeféiert huet, war och Member vun "The Base".