arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dräi Grenzpoliziste komme bei Attentat ëm d'Liewe

Pakistan

|
headphones

1 min

Dräi Grenzpoliziste komme bei Attentat ëm d'Liewe

Bei engem Selbstmordattentat an der nord-pakistanescher Stad Peschawar un der Grenz mat Afghanistan sinn op d'mannst dräi Grenzpolizisten ëm d'Liewe komm.

headphones

1 min

EPA/BILAWAL ARBAB | © EPA/BILAWAL ARBAB
Haaptquartéier vun der Grenzpolice (Foto: EPA/BILAWAL ARBAB)

Ee Selbstmordattentäter huet sech an der Entrée vum Haaptquartéier vun der Grenzpolizei an d'Luucht gesprengt. En zweeten Attentäter gouf vu Polizisten erschoss.

Iwwer d‘Attentäter ginn et nach keng weider Informatiounen.

An der Vergaangenheet hat déi pakistanesch Branche vun den Taliban eng Partie Attentater an der pakistanesch-afghanescher Grenzregioun revendiquéiert.