Konkret Reforme wieren nach net entscheet, esou lokal Medien. Déi Responsabel bei der Police a bei der Justiz wieren awer opgefuerdert ginn, Optiounen auszeschaffen, esou de Premier Anthony Albanese.
Geziilt Attack op jiddesch Communautéit
D‘presuméiert Täter vun der Attack gëschter mat 15 Doudegen op Bondi Beach sinn ee 50 Joer ale Mann a säi 24 Joer ale Fils. D‘Autoritéite gi vun engem antisemitteschen Terror-Uschlag aus. Ënnert den Affer sinn zwee Rabbien an een Holocaust-Iwwerliewenden. D‘Motiv ass weider onkloer.
De Papp soll de Juegdschäi gehat a Member an engem Juegdveräin gewiescht sinn. De Fils gouf virun e puer Joer vum australesche Geheimdéngscht ënner d‘Lupp geholl wéinst Lienen zu der Terrororganisatioun Islamesche Staat.
D‘Täter haten um Bondi Beach zu Sydney op d‘Leit geschoss, déi sech fir den Optakt vum jiddesche Chanukka-Fest do versammelt haten. Et wier eng geziilt Attack op déi jiddesch Communautéit gewiescht, esou den australesche Premier.
Mann huet engem Täter d'Waff wechgeholl
No der Attack gëtt iwwerdeems ee Mann besonnesch fir säin Zivilcourage gefeiert. Den 43 Joer alen Ahmed Al Ahmed huet ee vun den Täter bei der Attack iwwerwältegt an ëm d'Waff ofgeholl. Dobäi gouf hie vun dem anerem Täter un der Schëller ugeschoss. Hier misst puer mol operéiert ginn.
Bei enger Spendenaktioun fir de Mann goufen iwwer eng hallef Milliounen australesch Dollar gesammelt.