Hie géif d‘BCC fir eng Zomme vun enger bis fënnef Milliarden Dollar verkloen, an dat warscheinlech d‘nächst Woch, esou den Donald Trump.
Hannergrond ass en Documentaire vun der BBC aus dem Joer 2022. Eng Ried vum Donald Trump war doran esou zesummegeschnidde ginn, datt den Androck entstanen ass, den Donald Trump hätt seng Supporter aktiv dozou opgeruff, de Kapitol zu Washington ze stiermen.
Nodeems bei der BCC dowéinst de Generaldirekter an d‘Cheffin vun den Noriichten zréckgetruede sinn, hat d‘BCC sech gëschter um Freideg offiziell entschëllegt a verséchert, datt deen Documentaire net méi géif diffuséiert ginn.
D‘BCC huet awer refuséiert, dem Donald Trump Schuedenersatz ze bezuelen.