arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNEL iwwer nei Mesure: "Réckschrëtt an der digitaler Inclusioun" - Ministère reagéiert

Limitéierten eduroam-accès

|
headphones

3 min

CNEL iwwer nei Mesure: "Réckschrëtt an der digitaler Inclusioun" - Ministère reagéiert

Déi national Schülerkonferenz CNEL kritiséiert déi nei Mesure vum Educatiounsministère am Kader vun der Screen-life-balance bei jonke Mënschen. D’CNEL ass virun allem iwwerrascht, datt den Educatiounsministère zënter der Päischtvakanz den Accès zum internationalen Netzwierk eduroam fir Schüler:innen ënner 15 Joer limitéiert.

headphones

3 min

©  Xavier Lorenzo / Adobe Stock
(Foto: Xavier Lorenzo / Adobe Stock)

De Minister Claude Meisch hat dëst am Mee ugekënnegt, mee d’Schülerkonferenz ass enttäuscht, datt si bei esou enger Decisioun, déi d’Schüler:innen direkt betrëfft, net mat um Dësch souzen.

Eng grouss Hürd

Esou eng Mesure géif d’Inegalitéiten tëschent de Schüler:inne verstäerken an et wier e Réckschrëtt an der digitaler Inclusioun, esou de Vizepresident vun der CNEL, de Semir Honsic.

"Mir sinn an engem digitalen Zäitalter. An och de Schülerkommitee schafft zu engem groussen Deel digital. D'Kommunikatioun leeft gréissten Deels online, sief et iwwer Teams oder WhatsApp. An da soe mer: Mir maachen hinnen do nach eng méi grouss Hürd ,well jonk Leit gesinn dat eventuell schonn als Barrière. A wann do eeler Leit am Schülerkommitee sinn, an da setze mir eng zweet Barrière hannendrun, wou mir soen: Dir hutt och nach keen Accès méi op den Internet. Dir kritt guer net méi mat, wat do geschitt. An do soe mir: Also dat geet jo net."

play_arrow Semir Honsic

E Verbuet ass net de richtege Wee

Een anere Problem wier deen, datt d'Leit réischt no der Schoul hir Saachen um Internet kéinte kucke goen, wéi zum Beispill d'Kommunikatioun mam Schülerkommitee, respektiv och Maile mat der Schoul.

"An do soe mir och kloer: Net nëmmen d'Leit, déi schaffen, eeben och d'Schüler, déi hunn awer och de sougenannten Droit à la déconnexion."

Op Problemer mat engem Verbuet ze reagéiere wier iwwerdeems an hiren Aen ni de richtege Wee, esou nach de Semir Honsic. 

D'Reaktioun vum Ministère

Den Educatiounsministère bedauert iwwerdeems d’Reaktioun vun der CNEL. Si wieren net dovun ausgaangen, datt d’Limitéiere vum eduroam "esou dramatesch wier", esou de Lex Folscheid, Premier Conseiller am Educatiounsministère op eis Nofro hin. Ëmmerhin hätten d’Schoulen och een eegene Schoulwifi, an dee wier weiderhin accessibel.

Zu der Kritik vun der CNEL, datt een domat déi Jonk net op den digitalen Zäitalter virbereet, seet de Lex Folscheid, datt een d’Schüler:innen fir d'éischt op d’Digitalwelt wëll virbereeden, bis si eng sougenannten Digital maturitéit hätten, esou de Lex Folscheid, an déi géif ebe bei 15 Joer leien.

"Dass dat eigentlech deen Alter ass, wou et réischt ubruecht ass, fir zum Beispill an de soziale Medien ënnerwee ze sinn. Wou mir wëssen, dass eigentlech am Alter tëschent 12 a 15 dee meeschte Cyberharcelèment ass, well déi Jonk net prett si fir déi Welt."

eduroam: Keng Méiglechkeet fir Filteren ze setzen

Dofir wéilt een an zwou Phase virgoen: Eng Kéier vun 12 bis 15, wou ee sech Zäit wëll ginn, fir déi Jonk staark ze maachen. 

"Dat heescht awer och do sinn, an net deem ze exposéieren, fir datt mir si wëlle staark maachen, an dann ab 15 soen: Sou, elo si mir eisem Bildungsoptrag nokomm, fir hinnen déi Mediekompetenz ze vermëttelen, an da mat der Maturité digitale och gi mir hinnen de vollen Accès och zu engem digitale Raum."

play_arrow Reaktioun Lex Folscheid

De Grond, wisou ee sech dofir entscheet huet, den eduroam fir Schüler:innen ënner 15 Joer komplett ze verbidden, wier datt een do keng Filtere kéint setze fir beispillsweis pornografesch Contenue ze verbidden, erkläert de Lex Folscheid.