arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dikrecher Barreau: Attacken op Affekote ginn ëmmer méi heefeg

Justiz

|
reading time

1 min

Dikrecher Barreau: Attacken op Affekote ginn ëmmer méi heefeg

An der Suite vun der Messerattack op en Affekot den 12. Juni zu Ettelbréck verurteelt de Barreau vun Dikrech nach eemol all Gewaltdot vis a vis vun hire Memberen. Esou physesch oder och verbal Attacken op Affekote géife méi heefeg ginn, besonnesch wann et ëm d‘Reguléiere vu Faillite geet.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

An enger Entrevue mat der Präsidentin vum Tribunal Dikrech a mam Procureur vun Dikrech gouf iwwer Léisungen nogeduecht fir dës Leit besser ze schützen. Et wéilt een allefalls vigilant bleiwen, heescht et nach am Schreiwes vum Dikrecher Barreau.