De Parquet hat wéinst ënnerloossener Hëllef ee Joer Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof fir den 39 Joer ale Mann verlaangt.
Hien hat virun zwee Joer trotz Noutruff keng Ambulanz geschéckt.
Eng deemools 41 Joer al Fra hat den 112 geruff a gesot, si hätt ze vill Medikamenter geholl. Si sot nach, datt den Owend schlecht ausgoe géif, wa si sou weiderfuere géif. Véier Deeg drop war der Fra hir Läich fonnt ginn.
Weidert Urteel: Mann wéinst Mord u sengem Stéifpapp schëlleg gesprach
Een 18 Joer ale Mann gouf dann de Mëtteg an enger anerer Affär wéinst Mord u sengem Stéifpapp schëlleg gesprach. Hie krut eng Prisongsstrof vun 18 Joer, 8 dovu mat Sursis. Hie war zum Zäitpunkt vun der Dot 16 Joer al.
Fir 5 vun deenen 8 Joer Sursis gëllt e Sursis mat Oploen, zu deenen ënner anerem e psychiatresche Suivi gehéiert.
Donieft muss hien dräi Partie-civille bal 6.500 Euro Schuedenersatz bezuelen, plus all kéiers de symboleschen Euro.