No "siwen onvergiessleche Jore" mam US-amerikaneschen Team Lidl-Trek wier et Zäit, een neit Kapitel opzeschloen, esou den Alex Kirsch. Mat 33 Joer trëtt hien de leschten Drëttel vu senger Karriär un. Elo wier dofir de Moment, fir sech ze froen, wat hien nach alles erreeche wéilt. Hien hätt sech bei verschiddenen Ekippen ëmgekuckt. Cofidis hätt him awer déi interessantsten Offer gemaach, fir sengen Ziler méi no ze kommen.
"An dofir hunn ech mech fir si entscheet"
Bei senger neier Ekipp géif hie sech elo ee "méi groussen Challenge" erwaarden, esou de Lëtzebuerger Cyclist.
"Meng Ambitioune si selwer gewuess, well ech mech all joers verbessert hunn", esou de Vëlossportler. Duerch d'Erfarung, déi hie matbréngt, erwaart hie sech och der Ekipp zu méi Erfolleg ze verhëllefen. Mee och fir seng perséinlech Entwécklung erhofft hie sech bei Cofidis, méi Fräiheeten ze hunn, fir selwer Resultater ze zielen.
"Ech hunn u sech weider de Rôle als Lead-Out-Fuerer fir de Milan Fretin, dat ee grousst Talent ass. Dee verdéngt déi beschtméiglech Ënnerstëtzung ze hunn, fir kënne säi Potenzial ze entfalen. Donieft hunn ech awer vill Fräiheeten an de Klassiker. Déi hunn ech mir gewënscht."
D’Fro, ob den Ekippewiessel, deen elo ugekënnegt gouf, de leschte vu senger Karriär ass, wier de Moment schwéier ze beäntwerten, esou den Alex Kirsch: "Also ech gi lo net mat der Astellung dohinner, an d'Prepensioun ze goen." De Wiessel wier motivéiert duerch vill Ambitiounen, nach Saachen am Sport ze beweegen.
De Lëtzebuerger wiesselt vu Lidl-Trek eriwwer bei Cofidis
Découvrez notre première recrue de l'effectif 2026 👀
— Team Cofidis (@TeamCOFIDIS) August 7, 2025
Toutes les informations sont à retrouver ici ⤵https://t.co/jmzGLyMMoc pic.twitter.com/AgpO5KDihA