arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Aiman Dardari ënnerschreift fir weider 4 Joer beim FC Augsburg

Zukünfteg am Profikader

|
reading time

1 min

Den Aiman Dardari ënnerschreift fir weider 4 Joer beim FC Augsburg

De Lëtzebuerger Fussballspiller Aiman Dardari huet mat sengem Club FC Augsburg e Vertrag fir weider véier Joer ënnerschriwwen. Dat huet de Club aus der éischter däitscher Bundesliga um Mëttwochmëtteg matgedeelt.

reading time

1 min

© picture alliance / kolbert-press | kolbert-press/Christian Kolbert
(Foto: picture alliance / kolbert-press | kolbert-press/Christian Kolbert)

Den 20-Joer ale Lëtzebuerger Offensivspiller géif an Zukunft fir d’Profiekipp vum FC Augsburg spillen. Déi lescht sechs Méint huet den Aiman Dardari fir d’U23 vum däitsche Club gespillt, wou hien an 12 Matcher sechs Goler geschoss huet. 

Augsburg argumentéiert, de Lëtzebuerger hätt e grousst Potential. Mat sengem Offensivdrang a senger Dribbelstäerkt hätt hie bescht Chancë fir sech am Profifussball duerchzesetzen.