arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 42.000 Student:innen hunn e Studenteprêt zu Lëtzebuerg lafen

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

42.000 Student:innen hunn e Studenteprêt zu Lëtzebuerg lafen

Knapp 42.000 Student:innen hunn aktuell e Studenteprêt zu Lëtzebuerg lafen. Dat geet aus enger Äntwert vun der DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Stéphanie Weydert a Ricardo Marques ervir.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / dpa Themendienst | Kai Remmers
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Kai Remmers)

De ganze Volume, deen zeréckzebuele bleift, beleeft sech op eppes méi wéi 761 Milliounen Euro. 

Frontaliere kënnen och vun de Bäihëllefe profitéieren

Vun deenen 42.000 Student:innen hunn der opgeronnt 35.000 hiren Haaptwunnsëtz zu Lëtzebuerg a 7.000 am Ausland.

Zënter 2014 kënnen och Frontalieren, respektiv Kanner vu Frontalieren d’Studiebäihëllefen ufroen. 2013 hat den EU-Geriichtshaff nämlech decidéiert, datt de Wunnsëtz eleng als Berechtegung fir d’Studiebäihëllef net zoulässeg wier.

Ënnerscheet gëtt bei de Studiebäihëllefen tëschent Residenten an Net-Residenten.

Dee Begrëff wier allerdéngs mat Virsiicht ze genéissen, well Leit déi eng Kéier de Prêt ugefrot hunn, deemools vläicht zu Lëtzebuerg gelieft hunn, et elo net méi maachen - an ëmgedréint. Esou d’DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro.

Net all Prêt gëtt rembourséiert

Fir de Prêt ze rembourséieren huet all Student:in zéng Joer Zäit, nodeems hien oder si opgehalen huet mat studéieren. Allerdéngs gëtt de Prêt am Schnëtt no siwe Joer komplett ofbezuelt.

Et kënnt awer och nach vir, datt de Prêt net rembourséiert gëtt. Vun 2016-2024 war dat 220 Mol de Fall.

Do huet de Staat da misste mat engem Appel à garantie asprangen. Duerchschnëttlech waren do pro Fall nach ëm déi 13.000 Euro zeréckzebezuelen.  

play_arrow Lauschteren