Um Weekend nach hat de fréiere brasilianesche President a sengem Hausarrest probéiert, seng elektronesch Foussfessel opzebriechen.
Dowéinst hat dat Iewescht Geriicht confirméiert, datt eng Gefor géif bestoen, datt den Jair Bolsonaro flüchte géif. Dofir sëtzt de fréiere President schonn zënter leschtem Weekend an Untersuchungshaft.
Dem Jair Bolsonaro war virgeheit ginn, datt hien no senger Néierlag bei de Walen 2022 zesumme mat verschiddene Leit aus der Arméi an aneren Alliéierte versicht hat den neie President Lula da Silva ze stierzen. Zil wier et gewiescht en "Ausnamezoustand" erbäizeféieren an Neiwalen duerchzesetzen.