Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi däitsch Ekonomie stécht zolidd an der Kris

Réckgang vum PIB

Déi däitsch Ekonomie stécht zolidd an der Kris

Déi grouss Wirtschaftsfuerschungsinstituter gesinn och an den nächsten zwee Joer keng positiv Entwécklung wat déi däitsch Ekonomie ugeet. Fir dat lafend Joer gëtt mat engem PIB-Réckgang ëm 0,1 Prozent gerechent.

auto_stories

1 min

Déi zwee Joer drop soll et e schwaach Wuesstem vun 0,8, respektiv 1,3 Prozent ginn. Nieft der schwaacher Konjunktur wier och de strukturelle Changement vun der däitscher Ekonomie eng vun den Ursaachen.