Radioen

On air

Notturno  |  15 15 - Perfect Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vum G20-Sommet a Brasilien

Wirtschaft

Optakt vum G20-Sommet a Brasilien

Zu Rio de Janeiro a Brasilien ass et haut um Méindeg den Optakt vum G20-Sommet. De brasilianesche President Lula da Silva empfänkt hei d'Staats- a Regierungscheffen aus de wichtegste Wirtschaftsnatiounen.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: picture alliance / dts-Agentur

Haut um Méindeg a muer gëtt ënner anerem iwwer déi global Energietransitioun, d'Kricher an der Ukrain an am Noen Osten, an iwwer d'Bekämpfung vun Honger an Aarmut diskutéiert. Och soll et ëm de Fräihandelsaccord tëschent der EU an de südamerikanesche MERCOSUR-Staate goen. De brasilianesche President huet sech optimistesch gewisen, hei eng Eenegung ze fannen.

Vun de wichtegsten Industrielänner wäert iwwerdeems nëmmen de russesche President Wladimir Putin net um Sommet deelhuelen. Dat, well déi brasilianesch Justiz hien an deem Fall verhafte misst, well een Haftbefeel wéinst Krichsverbrieche vum Geriicht zu Den Haag géint hie virläit.

Eise Südamerika-Korrespondent Jean-Claude Gérez mat weideren Detailer.

Lauschterenplay_arrow