Radioen

On air

Notturno  |  James Righton - Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Casa steet virun der Faillite

Belsch Medie mellen

Casa steet virun der Faillite

Déi belsch Butteks-Chaîne Casa steet virun der Faillite. Wéi verschidde belsch Medie mellen, hätt Casa eng Demande fir eng juristesch Restrukturatioun bei der belscher Justiz eragereecht.

auto_stories

1 min

© OceanProduction / Bigstock
Foto: OceanProduction / Bigstock

De Grupp wier a Schwieregkeete geroden, wéinst der Hausse vun de Produktiouns- an Transportkäschten, an awer och wéinst der Konkurrenz.

Bei de Miwwel- an Dekoratiounsgeschäfter Casa an der Belsch schaffen eng 300 Leit. Zu Lëtzebuerg ginn et 8 Casa Geschäfter.