Iwwer een EU-Mechanismus kann de Grand-Duché 532.000 Euro u Käschte rembourséiert kréien. D’Konditioun dofir ass, datt op d’mannst 30 Prozent EU-Bierger ouni Lëtzebuerger Nationalitéit u Bord vum Fliger waren.
Käschte fir de Staat vun 226.000 Euro
Am Endeffekt dierften déi fënnef Rapatriements-Aktiounen de Lëtzebuerger Staat 226.000 Euro kaschten: dat wiere 410 Euro pro Passagéier, esou den Ausseminister.
"De Bus, den Transport an och d'Iwwernuechtungen, wann déi néideg gewiescht sinn. Dat gëtt bei deene 550 Leit, wann een ongeféier rechnet, e Montant vu 410 Euro pro Persoun. Dat gëtt manner wéi 50 Cents pro Bierger."
Vun deene fënnef Flich goufen der zwee vun der Luxair “à prix coûtant” assuréiert, een Charter-Fliger gouf gelount, an zwee weider Flich goufe mat Militärfligeren A400M an MRTT gemaach.
Ronn 600 Leit konnte rapatriéiert ginn
Et bleiwen nach ronn 110 Leit an den Emirater: 10 vun hinne wéilten zréck op Lëtzebuerg, esou de Xavier Bettel. Dës Leit misste mat kommerzielle Flich zréck kommen, huet den Ausseminister preziséiert.