Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nadia Reid - Changed Unchained

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De wäermsten Dag an der Geschicht a seng Konsequenzen

Am Gespréich mam Andrew Ferrone

De wäermsten Dag an der Geschicht a seng Konsequenzen

Leschte Méindeg louch déi global Duerchschnëttstemperatur bei 17,15 Grad. Et war domadder de wäermsten Dag, dee jee gemooss ginn ass. Wéi gëtt dat iwwerhaapt gemooss? Wat huet de Klimawandel domat ze dinn? A wat sinn d’Konsequenze fir eis Mënschen an d’Ëmwelt. D’Maxi Pesch huet sech mam Klimatolog Andrew Ferrone ënnerhalen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Leschte Méinde war de wäermsten Dag vun der Welt. Dat mellt den EU-Klimawandeldéngscht Copernicus. Den Daten no louch déi global Moyenne op deem Dag bei 17,15 Grad. Domadder ass de Rekord vu 17,09 Grad, dee just den Dag virdru gemooss gi war, gebrach ginn. 

Klimawandel spillt laangfristeg eng Roll

Dem Andrew Ferrone no, Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteo-Service am Landwirtschaftsministère, wieren d’Berechnunge mat deenen de wäermsten Dag vun der Äert gemooss gouf, vun héichster Qualitéit.

"D’Aart a Weis, wéi dat gerechent gëtt, si global Datesätz, wou alleguer d’Donnéeë vun de globale Miessstatiounen afléissen. An déi ginn da mat engem Wiedermodell interpoléiert."

D’Fro, wéi eng Roll de Klimawandel bei dëse Rekorder spillt, kéint een net mat engem eenzege Miesspunkt berechnen, erkläert de Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot. Me wann een d’Temperaturen an deene leschten 13 Méint géif analyséieren, kéint een de Lien gesinn.

"Wann ee kuckt, déi lescht 13 Méint waren déi wäermst op der Äert, déi mir jee gemooss hunn. Déi héchst, déi an de leschten 125.000 Joer gemooss goufen. Et kann ee soen, datt de Klimawandel laangfristeg eng Roll spillt. Mir sinn haut op enger Temperatur, wann een iwwer 30 Joer kuckt, vun 1,1 grad iwwert de Pré-industrieller Zäit, an dat ass et zënter enger laanger Zäit net ginn."

Ewech komme vu fossiller Energie

Den Impakt op d’Mënschen an op d’Biodiversitéit wier ganz kloer, betount den Andrew Ferrone. Éischtens hätt déi extreem Hëtzt en Impakt op déi mënschlech Gesondheet. De Klimawandel géif zu nach méi Dréchente féieren an zu méi extreemen Néierschléi. Dorënner géif och d’Biodiversitéit leiden.

"Dat heescht, do musse mir wierklech un de Solutioune schaffen, fir souwuel eppes géint de Klimawandel ze maachen, a gläichzäiteg musse mir ophale Biodiversitéit ofzebauen."

De Weltklimarot wier do ganz formell. De gréissten Deel vum Klimawandel wier op déi fossil Brennstoffer zeréckzeféieren, erkläert den Andrew Ferrone.

"Do ass et effektiv esou, datt mir musse vun de fossille Brennstoffer fort kommen. Dat kann ee maachen, andeem ee verschidde Prozesser elektrifizéiert. An op erneierbar Energien eriwwer goen."

Transport an Ernärung ëmstellen

Positiv wier, datt d’lescht Joer zum Beispill 42 Prozent vum Elektresch hei an Europa aus erneierbaren Energien hiergestallt gi wier. De Klimatolog betount awer och, datt mir Mënschen eist Verhalen ännere missten.

"Zum Beispill, andeem mir mei spuersam mat den Energien ëmginn. Datt och beim Transport méi op den ëffentlechen Transport ëmgeklomme gëtt, datt mir méi mam Vëlo fueren a mei zu fouss ginn, wat och e Virdeel fir d'Gesondheet ass. Mee och eng gesond Ernärung ass wichteg."

Dorënner manner Fleesch a manner Mëllechproduiten. D’Produktioun vun den Narungsmëttel wiere fir een Drëttel vun den Zäregaser responsabel.

D'Berechnung vum wäermsten Dag vun der Welt weist den Experten no, wéi urgent et ass, de Klimawandel ze bekämpfen, an eisem Verhalen an Energieverbrauch unzepassen, fir d'Gesondheet an d’Ëmwelt ze schützen.

Lauschterenplay_arrow