Radioen

On air

9 bis 1  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Xavier Bettel ass a Jordanien

Aarbechtsvisitt

De Xavier Bettel ass a Jordanien

Am Mëttelpunkt vun där Rees vum Minister fir d'Aussepolitik, Cooperatioun an humanitär Aktioune steet d'Situatioun vun de syreschen an de palästinensesche Flüchtlingen a Jordanien. Si liewen do zu Honnertdausenden an Flüchtlingscampen.

auto_stories

1 min

© Alexandros Michailidis
Foto: Alexandros Michailidis

De Xavier Bettel mécht sech op der Plaz e Bild iwwer d'Aarbecht vum UNRWA - dem UNO-Hëllefswierk fir palästinensesch Flüchtlingen - an dem UNHCR, dem Flüchtlingskommissariat vun de Vereenten Natiounen. 

Den éischte Punkt vum Ausseminister senger Visitt ass den Owend eng Entrevue mat sengem jordaneschen Homolog - Ayman Safadi. Dee war virun zwou Wochen eréischt op Visitt zu Lëtzebuerg, wou hien ënner anerem och scho Gespréicher mam Xavier Bettel hat.