Mat der aktueller Pensiounsreform, déi schonn a Kraaft ass, gouf de legale Pensiounsalter op 64 Joer eropgesat an d'Cotisatiounszäit ass verlängert ginn. Duerch eng Ännerung am Gesetzesprojet fir de Finanzement vun der Sécurité Sociale sollen d‘Haaptmesüre vun der Reform eréischt am Januar 2028 a Kraaft trieden. D'Debatten doriwwer fänken de Mëttwochmëtteg un.
Erwaart gëtt, datt d'Assemblée nationale d'Suspensioun vun der Pensiounsreform an éischter Lecture wäert unhuelen.