arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Senegal gewënnt den Afrika-Cup 2026

géint de Maroc

|
headphones

1 min

Senegal gewënnt den Afrika-Cup 2026

Senegal ass neien afrikanesche Meeschter am Fussball. An der Finall konnte si sech um Sonndegowend mat 1:0 géint de Maroc behaapten an domat déi zweet afrikanesch Meeschterschaft no 2022 feieren.

headphones

1 min

© EPA/JALAL MORCHIDI
(Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Den entscheedende Gol fir d’Senegaleesen ass réischt an der Verlängerung gefall. 

De Maroc hat sengersäits och d’Chance fir de Match ze gewannen. An der leschter Aktioun vun de regulären 90 Minutten hu si awer en Eelefmeter verschoss. De Maroc verpasst domat den Titel am eegene Land a waart zënter elo méi wéi 50 Joer op e Succès beim Afrika-Cup.