De Generalsekretär vum Presserot, de Roger Infalt, fuerdert schonn zënter bal 15 Joer esou en Informatiounszougang fir Journalisten. Dofir ass de Gesetzesprojet fir hie prinzipiell ee ganz wichtege Schratt
Bis ewell gouf et nämlech kee Gesetz, wat d’Recht op Informatioun vun engem Beruffsjournalist festleet.
„Hei hu mer dann lo dann elo e gesetzlech verankert Informatiounsrecht, wat och am Text ganz genau beschreift…“
Am Text géifen och déi Institutiounen beschriwwe ginn, déi sech un déi nei gesetzlech Reegelung hale mussen. Verwaltungen a Gemenge géifen am Text explizit genannt ginn, erkläert de Roger Infalt, Generalsekretär vum Presserot an och Member vun der ALJP, d’Associatioun vun de professionelle Journalisten a Journalistinnen.
Kritik vum terme "délai raisonable"
Datt ee Journalist d’Informatioun muss kréien, géif also festgehale ginn – wéi séier en déi Informatioun muss kréien, ass am Gesetzestext awer net festgehalen – et misst just an engem „délai raisonnable“ stattfannen.
„A mat deem kenne mir net liewen. mir hu vun Ufank u gesot, mir hätte gäre fix Delaien.“
De Begrëff “délai raisonnable” wier an den Ae vum Presserot kee juristeschen Terme – a kéint deemno verschidden interpretéiert ginn. Fir déi journalistesch Aarbecht anstänneg kënnen ze maachen, misst awer berécksiichtegt ginn, datt Journalisten ënner Zäitdrock schaffen.
Journalistesch Tätegkeet amplaz Haaptakommesquell
Zum zweete Kritikpunkt: Fir de Conseil de presse hätt d’Informatiounszougangsrecht missen am Presserecht verankert ginn.
E Punkt dee souwuel de Presserot wéi och d’ALJP begréisst, ass d’Definitioun vum professionnelle Journalist. Bis ewell war et d’Haaptakommesquell déi huet missen aus journalistescher Aarbecht bestoen, erkläert de Roger Infalt – mam neie Gesetzestext wier et d’journalistesch Tätegkeet déi zielt, onofhängeg dovun, ob et déi Haaptakommesquell ass oder net.