Nach leschte Summer gouf hien zu Paräis vum internationale Sportspress-Verband fir seng 15. Participatioun un den olympesche Spiller geéiert. De Petz Lahure huet 46 Tour-de-Francë couvréiert. Vun 1965 u war hie Journalist beim Tageblatt, an huet och fir d‘Revue geschafft.
27 Joer laang war hie President vu Sportspress.lu. éier d’Christelle Diederich dëse Posten iwwerholl huet. 14 Joer huet si mam Petz Lahure geschafft. Fir d’Christelle Diederich bleift hien als riguréisen a passionéierte Journalist an Erënnerung.
"Am Ufank als jonke Journalist, dann héiers de den Numm Petz de Lahure, da bass de e bësse beandrockt, mee de Petz Lahure war einfach en häerzensgudde Mënsch, deen een oppent Ouer hat fir jiddereen, en huet iwwerall probéiert ze hëllefen, wann e konnt."
Et wier dem Petz Lahure ëmmer wichteg gewiescht, datt seng Journaliste pünktlech sinn - an och gutt gekleet sinn, erzielt d'Christelle Diederich. D'Erscheinungsbild vum Journalismus wier him wichteg gewiescht an dat hätt hien och de jonke Journaliste virgelieft, esou d'Christelle Diederich. Si ass zënter Mäerz Presidentin vun der Lëtzebuerger Sportspress.