arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir ze skaten oder Buergen ze kucken: Firwat d'Leit op Lëtzebuerg campe kommen

Tourismus

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Fir ze skaten oder Buergen ze kucken: Firwat d'Leit op Lëtzebuerg campe kommen

Ouschteren ass den traditionellen Optakt vun der Touristesaison zu Lëtzebuerg an do war dëst Joer keng Ausnam. D'Campingsplazen uechtert d'Land si mëttlerweil gutt besicht. Mir hunn eis dëser Deeg e Bild vum Betrib um Camping op der Kockelscheier gemaach.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
De Camping op der Kockelscheier | © Camping Kockelscheuer
De Camping op der Kockelscheier (Foto: Camping Kockelscheuer)

De Camping Kockelscheier steet voll mat Roulotten a Campingcaren. Wéinst senger zentraler Lag ass d’Plaz beléift bei Camperen, déi fir en Dag d’Stad besiiche wëllen. D’Leit setzen am Klappstull an der Sonn, grillen, spille Kaarten oder erhuele sech ganz einfach vum Dag an der frëscher Loft.

Deementspriechend weist sech d’Margo Struik, Piechterin vum Terrain, zefridde mam Start vun der Saison.

"Mir haten ee ganz gudde Start. D'Wieder huet zwar net onbedéngt matgespillt, mee iwwer Ouschtere stounge mir trotzdeem praktesch voll. Et sinn einfach ganz vill Leit ënnerwee. Vun Däitschen iwwer Schwäizer, iwwer Englänner, wierklech do queesch duerch d'Band."

De Camping als Ënnerdaach fir Lëtzebuerg ze entdecken

Fir vill Leit ass de Camping op der Kockelscheier just e kuerzen Tëschestopp, op deem een d’Stad kucke geet, éier et weidergeet. Entweeder sinn d'Leit op der Duerchrees fir an en Nopeschland oder si verbrénge léiwer méi Zäit an der Natur am Norden oder Oste vum Land.

Anescht mécht et eng Famill vu Bochum, déi um Camping ass. Fir véier Deeg bleiwe si op der Kockelscheier, fir vun do aus d’Land ze erfuerschen.

"Die Sonne scheint, die Temperaturen sind sehr angenehm und dann haben wir gerade eine schöne Fahrradtour gemacht. Einmal hier so quer raus und dann dem Fluss Alzette entlang bis nach Luxemburg Stadt rein."

Och de Panoramalift wëllt d'Famill nach huelen. 

"Wir sind jetzt gerade angekommen und entspannen ein wenig in der Sonne, weil es doch sehr, sehr warm ist. Wir haben jetzt hier schon die Stadt an den Feiertagen besichtigt, haben noch eine Tour gemacht zur Burg."

Déi lescht dräi Deeg wëllt d'Famill d'Ëmgéigend vun der Stad Lëtzebuerg kenneléieren. 

"Wir haben noch drei Tage, schauen noch ein bisschen die Stadt an, die Umgebung, fahren noch Fahrrad, das Wetter soll toll sein. Also Luxemburg präsentiert sich uns von der allerbesten Seite, es macht sehr viel Spaß. Es kann so weiter gehen."

Touristen hunn ënnerschiddlech Grënn, firwat si grad op Lëtzebuerg kommen

Nieft de flotte Buergen, Trëppel- a Vëlosweeër, déi dacks als Grond fir d’Vakanz zu Lëtzebuerg genannt goufen, lackelt Lëtzebuerg awer och Frënn vu méi ausgefalenen Aktivitéiten un.

"Der Hauptgrund (für unseren Besuch) war für uns eigentlich, dass wir den Skatepark Péitruss kennenlernen wollten. Der ist, wie ich finde, für europäische Verhältnisse fast einzigartig. Da waren wir bis jetzt auch jeden Tag. Ansonsten geniessen wir das schöne Wetter und diesen schönen Campingplatz hier."

De Skatepark eleng ass awer net dat eenzegt Hobby, dat d'Grupp op Lëtzebuerg gezunn huet.

"Wir gehen noch Geo-Cachen und das ist hier auch relativ viel um Luxemburg-Stadt rum haben wir schon gesehen, da sind sehr viele Caches, die wir dann besuchen wollen."

Lëtzebuerg als "Ruhepol"

Et schéngt also, wéi wa Leit mat de verschiddensten Interessien hei am Land op hir Käschte kommen. Wat awer ëmmer erëm vun de verschiddene Camper genannt gëtt, ass d’Rou an d'Frëndlechkeet, déi een zu Lëtzebuerg untrëfft. Dat huet och eng Madamm aus Düsseldorf esou empfonnt.

"Egal, wo wir waren, ich fand es einfach total entspannt und ruhig, relaxed irgendwie. Bei uns zu Hause, wenn viele Menschen aufeinander sind, ist es immer so eine Hektik und hier ist das gar nicht. Sehr schön, vor allem die vielen alten Gebäude, ist Wahnsinn, wie viele schöne alte Gebäude hier noch sind, das kennen wir von zu Hause auch nicht."

Gutt Saison gëtt erwaart

Wéi d’Piechterin Margo Struik mengt, gesäit et no enger gudder Saison aus. Och de Summer géif sech positiv annoncéieren. 

"Mir hunn der och, déi all Joers erëmkommen, einfach wierklech wéinst der Stad a wéinst de Concerten, déi an der Stad sinn. Well de ganze Juli, do hu mir der elo eng ganz Partie, well op der Luxexpo déi vill Concerte sinn, oder fir de Marathon. Mir hunn ëmmer Leit hei schlofe fir de Marathon."

D’Branche vum Campingstourismus, déi Luxembourg for Tourism no fir en Drëttel vun alle Buchungen am Land responsabel ass, ass also villverspriechend an déi nei Saison gestart. Zwar hänkt hei villes vum Wieder of, mee nach spillt dat mat.

Text vum Luca Di Santolo

 

play_arrow Lauschteren