arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Salairen net bezuelt: Futtballclub vun Hesper muss 20.000 Euro Strof bezuelen

Sport

|
reading time

1 min

Salairen net bezuelt: Futtballclub vun Hesper muss 20.000 Euro Strof bezuelen

De Futtballveräin vun Hesper muss wäert nieft den 20.000 Euro Strofgeld och d'nächst Saison 12 punkten direkt ofgezu kréien. Dat deelt d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun an engem Communiqué mat.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Och de Progrès Nidderkuer krut eng Geldstrof an Héicht vun 1.500 Euro. D’Strofe goufen ënner anerem wéinst net bezuelte Salairë gesprach.

Déi national Lizenz, déi gebraucht gëtt fir am nationale Championnat unzetrieden, krute béid Veräiner dofir just mat Oplagen. D’UEFA-Lizenz krut dogéint kee vun den zwee Veräiner. Si kréien och keng Suen aus dem Solidaritéitsfong.

All aner 14 Veräiner aus der Nationaldivisioun krute béid Lizenzen.