Radioen

On air

Notturno  |  Kurt Rosenwinkel - Cycle Five - Live At The Village Vanguard Feat. Aaron Parks, Eric Revis & Greg

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ De Grand Prix Eurovision de la Chanson aus Lëtzebuerger Siicht

Aus dem 100,7 Archiv

De Grand Prix Eurovision de la Chanson aus Lëtzebuerger Siicht

Zanter 1956 besteet den Eurovision Song Contest,  bei deem Lëtzebuerg - mat enger Ausnam - vun 1959 bis 1993 derbäi war. Interprete wéi Jean-Claude Pascal 1961, France Gall 1965, Vicky Leandros 1972, Anne-Marie David 1973 a Corinne Hermès 1974, hunn eist Land am Ganze fënnef Mol op déi éischt Plaz bruecht.

auto_stories

1 min

headphones

60 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Lëtzebuerger Interpreten, déi beim Song Contest waren: Camillo Felgen 1960 an 62, Chris Baldo (zesumme mat der Sophie Garel) 1968, Monique Melsen 1971, Park Café 1989, Sarah Bray 1991, Marion Welter 1992 a Modern Times 1993.

An engem radiophonesche Patchwork am Joer 2004 presentéiert de Carlo Link aus Lëtzebuerger Siicht Extraite vun de Live-Interpretatioune wéi och Interviewen. Weider gëtt déi technesch Organisatioun bei de Retransmissioune vum Grand Prix zu Lëtzebuerg vun 1971 an 1984 beliicht.


Lauschterenplay_arrow