D‘Gewerkschafte geheien der Regierung vir, anti-sozial Reforme wëllen ëmzesetzen. Ënner anerem bei de Pensiounen, wou muer e wichtege Vote am Parlament ass.
Beim leschten nationale Protest am Mäerz haten tëschent 80.000 an 100.000 Leit zu Bréissel manifestéiert.